Aktuelles
Léif Kollegin, léiwe Kolleg,
Ech hu méng Solfègebicher grëndlech revidéiert. Si sinn e bësse méi schlank ginn, mee dat Wichtegst: Bei all Buch ass eng CD derbäi komm, mat deer de Schüler doheem séng Intervallen a Solfègelektioune weider übe kann.
Et ass deemno eng nei Éditioun, déi elo bei der UGDA eraus kënnt. Bestellunge ginn iwwert d’Adress direction@ugda.lu Tel: +352 46 25 36-21 entgéint geholl.
Ech wëll nach bemierken, datt op alle Bicher e © Copyright besteet.
Et wier léif, wa keng Fotocopie gemaach géifen.
Léopold Winandy
Niewend der Musek ass d'Fotograféieren och en Hobby. Hei e puer Biller ...