LëtzebuergeschFrançaisDeutsch

leopold.winandy@online.lu www.bepwinandy.lu/

Léopold Winandy

De Léopold Winandy, gebuer de 5. Mäerz 1936 zu Esch-Uelzecht, ass e Lëtzebuerger Musekspedagog, Flütist an Dirigent.

Hien huet seng musikalesch Studien am Escher Conservatoire gemaach: Solfège, Flûte an Harmonie. Um Conservatoire Royal de Bruxelles huet hie seng Studie vervollstännegt. An de Jore 1976 a 77 war hie Schüler vum Dirigent Sergiu Celibidache. Am Escher Conservatoire war hie Professeur fir Solfège, Flütt a Blockflütt.

Als Éischten zu Lëtzebuerg huet hie 1969 Coursë gi no der Solfègemethode vum Zoltán Kodály. An de läschte Joren huet hie Solfègebicher publizéiert, déi beim UGDA, Lëtzebuerg erauskomm sinn. Dës Bicher gi vum Eveil bis d’fënneft Jor Solfège a sinn e wichtege Beitrag fir d’Musekserzéihung an eisem Land.

De Léopold Winandy war Dirigent vun der Harmonie vu Schëffleng, dem Cercle Symphonique vu Rëmeleng, dem Kiirchechouer vu Lalléng, dem Kannerchouer vu Schëffléng an dem Gesangveräin Ëmmer Frou vun Téiteng. Vun 2000 bis 2012 war hien Dirigent vum Chouer “Cercle Vocal Belval-Metzerlach”, mat deem hien ënner anerem och d’Krönungsmass vum W.A. Mozart opgefouert huet.

Lëtzebuergesch Wikipedia

Niewend der Musek ass d’Fotograféiere säi groussen Hobby. Hei e puer Biller ...

 

top