Grondschema fir eng Museksstonn
De Professer soll net onvirbereet a seng Solfëgestonn goen! D’Kanner mierke séier, wann de Prof net wees, wéi seng Museksstonn oflaafe soll a si ginn onroueg. Hei ass e Muster vun enger méiglecher Museksstonn.
1. Aleedung
E bekannt Lidd oder déi läscht geléiert Solfègelektioun (Hausaufgab) gëtt mat enger Begleedung gesongen.
2. Stëmmbildung
Dat ënnert Punkt 1. gesongent Lidd oder d’Solfègelektioun gëtt mat Silbe wéi nü, du, bo, wa, mo etc. widderholl.
Tounledere gi solmiséiert a mat Silbe gesongen, och mat verschiddene Rittmen. Fir eng gutt Stëmmbildung soll de Professer an der Fachlitteratur nokucken.
3. Gehéierbildung
An alle Bicher gëtt et eng Fëll vun Héierübungen a ville verschiddene Varianten, wéi Intervalle sangen a lauschteren,een- an zweestëmmeg Intonatiounsübungen, Dreikläng sangen a lauschteren, Rittmus- a Melodie-Echoë sangen, Diktater maachen etc. D’Gehéierbildung an d’Intonation/d’Solmisatioun mat de Virzeechen, ass de Kär vum Solfègeunterrécht.
4. E neit Element léieren
Dat ka sinn:
- e neit Lidd
- e neit rittmescht oder melodescht Element
- eng nei Solfègeübung
- eng nei Rittmusübung
- eng nei zweestëmmeg Sangübung
- nei Intervallen / Dreikläng etc.
Déi nei Elementer ginn:
- ënnerriicht
- geübt
5. Gediechtnesübungen
Niewend den Übungen, déi an de Bicher stinn, soll de Professer der och nach selwer erfannen! Solfègelektiounen a soss Begrëffer sollen auswenneg geléiert ginn.
6. Diktater
D’Rittmusdiktater ginn ëmmer mat Rittmus-Echoën a d’Melodiediktater ëmmer mat Rittmus- a Melodie-Echoë virbereet. An dëse Virübunge sollen nëmmen Elementer dra virkommen, déi och herno an den Diktater enthale sinn.
7. Entspannung
Zur Entspannung kann e Lidd oder eng Solfègelektioun widderholl ginn oder et gëtt e Spill organiséiert oder et gëtt eng Übung “Schnelles Lesen” oder “Finde die richtige Figur” gemaach.
8. Lecture à vue
D’Lecture à vue ka rittmesch oder melodesch sinn. Si gëtt:
- vun alle Schüler
- vu klenge Gruppen
- vun eenzelne Schüler
gemaach. Zou dësem Zweck schreift de Professer Übungen, déi en de Schüler virleet oder e schreiwt eng Übung un d’Tafel. An alle Bicher sti Solfègelektiounen, déi fir d’Lecture à vue ze gebrauche sinn. D’Lecture à vue ass d’Kontroll iwwert dem Schüler séng Fäegkeet, d’Nouteschrëft ze verstoen an se eegestänneg erëmzeginn.
9. Hausaufgab
Doheem soll de Schüler dat widderhuelen, wat nei an der Stonn geléiert gouf. Zou engem Gesank kann eng Begleedung geübt ginn.
- De Rittmus vun enger Solfègelektioun gëtt geklatscht.
- Eng oder zwou Solfègelektioune sollen auswenneg geléiert ginn.
- Vun zweestëmmege Lektioune gëtt eng Stëmm gesongen, déi aner geklatscht.
- Vun zweestëmmege Rittmusübunge gëtt eng Stëmm gelies, déi aner geklatscht.
- Eng Tounleder ass a verschidene Rittmen ze üben.
- Et kann eng Solfègelektioun ofgeschriwwen an transponéiert ginn.
- De Schüler kann eng kleng Melodie komponéieren.
Dat sinn eng Rei Ureegungen, aus deenen de Professer déi eng oder aner Aufgab eraussicht, fir doheem ze maachen.
D’Hausaufgabe sollen esou an der Stonn virbereet sinn, datt de Schüler doheem wees, wat ze maachen ass a net séng Elteren oder Geschwëster ëm Hëllef froe muss.
10. Schluss vun der Stonn
Am beschten ass et, wann d’Schüler eng Musek vun der CD lauschteren oder si sangen nach eng zweestëmmeg Melodie oder se sangen e Kanon etc. D’Schüler sollen d’Stonn mat engem gudde Gefill verloossen!
De Professer soll dës Virlag vun der Museksstonn der Situatioun a sénger Klass upassen.