LëtzebuergeschFrançaisDeutsch

leopold.winandy@online.lu www.bepwinandy.lu/

Froen

Firwat bestinn d’Solfègelektiounen an den éichte Bicher nëmmen aus pentatoneschen Tounreihen? >>

Wann eng Solfègelektioun mat Orffinstrumenter begleet gëtt, kënnen d’Kanner net falsch spillen, wann op den Instrumenter nëmmen déi Stief opgeluegt sinn, déi zou der respektiver Tounrei gehéieren. Well d’pentatonesch Tounreien nëmmen aus ganzen Téin besteet an d’Kanner eng länger Zäit mat dësen Tounräim geschafft hunn, ass d’Aféierung vun den halwen Téin fir si e neit Klangerliefnes. Gëtt de Museksunterrécht mat der Majeurtounleder agefouert, ass de Klank vun der Tounleder esou natierlech fir d’Kanner, datt si den Ennerscheed vun de ganzen an den halwen Téin net héieren.

 

Wéini soll ee mam Fa-Schlëssel ufänken? >>

Ob dat am 1. oder 2. Jor Solfège geschéie soll, ass eng Saach vun der Schoulorganisatioun.

Et ass am Prinzip méiglech, no der Lektioun Nr 195 vum 1. Buch, mam Fa-Schlëssel am 2. Buch unzefänken. Parallel muss dann den Unterrécht am 1. an am 2. Buch weidergoen! Ech si net begeeschtert vun dëser Méiglechkeet.

 

D’Schüler kënnen de Fa-Schlëssel elo manner gutt liesen a sangen ewéi fréier. >>

Dat ass eng Feststellung, déi ech net verstinn, et sief, et schafft ee mat Bicher, an deenen de Fa-Schlëssel grad am Ufank net systematesch geléiert gëtt oder net genuch Fa-Schlësselübungen ugebuede ginn.

A mengem 2. Buch gëtt am Ufank iwwert eng länger Zäit systematesch de Fa-Schlëssel geléiert a lues a lues geet et an de Schlësselwiessel iwwer. An alle Bicher sinn di 2 Schlëssele gläichwäerteg vertrueden. Dat misst ménger Ménung no de richtege Wee sinn, fir datt de Fa-Schlëssel dem Schüler esou geleefeg gëtt, wéi de Sol-Schlëssel. Déi grouss Zuel vu Solfègeübungen a ménge Bicher dréit och derzou bäi, dëse Probleem ze léisen.

 

Sinn d’Schüler ënnerfuerdert, an doduerch manner fläisseg, well nëmme méi 2 Schlësselen ze léiere sinn? >>

Wann do net aner Übungen an d’Plaz gemaach ginn, ass et duerchaus méiglech, datt munch Schüler et net méi esou néideg gesinn, doheem ze üben. Do mussen aner méi wichteg Aufgaben, déi der musikalescher Entwécklung vum Schüler déngen, d’Plaz vum Schlësseleléieren anhuelen, soss entsteet do en Huelraum.

Un alleréischter Plaz muss d’solmiséiert Intonatioun, mat de Virzeechen, vun den Intervalle stoen a gläichzäiteg mat dëser Aarbécht, d’Schoulung vun der klanglécher ënnerer Virstellung vun den Intervalle geschéien! Dëst ass di eenzeg Méiglechkeet, de Schüler fäeg ze maachen, d’Nouteschrëft ze verstoen an se ze reproduzéieren.

Méng Bicher bidde vill weider Übungen un, ewéi z. B.

  • Intonatiounsübungen
  • vun zweestëmmege Rittmusübungen déi eng Stëmm liesen déi aner Stëmm klappen
  • vun zweestëmmege Sangübungen déi eng Stëmm sangen déi aner Stëmm klappen
  • d’Schnellt Liesen-Übungen
  • Wanderintervalle sangen
  • Transpositioune sangen
  • Kadenzübunge réaliséieren
  • E Bass ënnert eng Melodie setzen
  • an all déi sëllechen Héierübungen

 

Wat maachen ech mat schwéiere Solfège-Lektiounen? >>

Wann eng Solfège-Lektioun, ze schwéier ass oder wann Intonatiounsprobleemer opkommen, soll een déi Lektioun méi spéit erëm opgreifen an an der Zwëschenzäit Intonatiouns- a Rittmusübunge maachen, déi de Probleem berengegen. Ausloosse soll een dës Übunge net!

 

Wat heescht “Patschen, Klatschen, Schnalzen”? >>

Patschen

Wann een um Stull sëtzt, klappt ee matt den Hänn op d’Iewescht vun de Been, entweder mat den zwou Hänn gläichzäiteg oder mat den Hänn ofwiesselnd.

Klatschen

An d’Hänn klatschen

  • flaach Hand op flaach Hand
  • mat de Fangere vun enger Hand op d’flaach Hand vun der anerer Hand
  • mat 2 Fangere vun enger Hand op d’flaach Hand vun der anerer Hand klappen

Domat kann ee Nuance maachen.

Schnalzen

De Mëttelfanger steipt sech op den Domm a gëtt mat enger schneller Bewegung an d’Hand “geschnippt”. Op Däitsch: “Fingerschnippen”, op Franzéisch: “faire claquer ses doigts”. Schnalze kann ee mat den zwou Hänn oder mat den Hänn ofwiesselnd .

 

Wat maachen ech matt engem Lidd, wou am Buch nëmmen den Text an de Rittmus steet? >>

De Rittmus gëtt geschafft wéi et am Lehrerbuch 1 op Säit 22 beschriwwen ass. Da gëtt den Text derzou, an uschléissend d’Melodie no Gehéier geléiert. D’Melodie steet ëmmer am Proffebuch derbäi.

 

Wat muss de Schüler an der Theorie iwwert d’Intervalle wëssen? >>

Fir d’théoretescht Rechne vun Intervalle geet et duer, wann de Schüler weess, wéivill Hallef téin vu Natur aus, ouni Virzeechen, an dem Intervall sinn:

All Sekund an Terz ouni Halwen Toun ass grouss (majeur)
All Sekund an Terz matt engem (1) Halwen Toun ass kleng (mineur)

All Sixt a Septim matt engem (1) Halwen Toun ass grouss (majeur)
All Sixt a Septim matt zwéin (2) Halwen Téin ass kleng (mineur)

All Quart a Quint matt engem (1) Halwen Toun ass reng (juste)

D’Quart ouni Halwen Toun, ass iwwerméisseg (augmentée)
D’Quint mat zwéin (2) Halwen Téin, ass vermindert (diminuée)

D’Intervalle mat Virzeeche ginn all vun dëser Basis aus définéiert, esou wéi et am 2te Lehrerbuch, S. 93 bis 96 beschriwwen ass.

 

 

 

top