LëtzebuergeschFrançaisDeutsch

leopold.winandy@online.lu www.bepwinandy.lu/

De Wäert vun de Kannerlidder am Solfègeenseignement

Es ist die Pflicht eines jeden Musikers,
seine musikalische Muttersprache zu kennen.
Zoltán Kodály

Déi éischt kleng Kannerlidder am Préparatoire an am 1. Buch si grondsätzlech fir Kanner vu 5 bis 7/8 Jor virgesinn.

Wann een déi Texter vun dëse Lidder analyséiert, muss ee feststellen, datt eng bestëmmte Gesangspedagogie derhannert stécht! An den Übunge vun de Fachbicher fir Chouerstëmmbildung, si Konsonanten a Vokaler matenee verbonnen, fir bestëmmten Ziler ze erreechen. Huelt emool de “p”, hie gëtt gebraucht fir d’Zwerchfell ze aktivéieren, den “m”, fir de Klank vun der Stëmm vir an de Mond (Mask) ze kréien, den “i”, fir de Klank an de Raum hannert d’Stir ze féieren an den “l”, fir d’Resonanzen ze stimuléieren. Da kommen nach de Vokal “o”, den der Rëndung vum Klang déngt an den Ëmlaut “ë”, deen dem offenen “ö” (Löffel) am Däitsche gläicht, der Entwéckelung vum Kierperklang an der Hellegkeet vun der Stëmm déngt.

Dës Stëmmbildungsvokaler a -konsonante fanne mer am Lidd “Plim-plom-plëm, Kënni fal net ëm”. Dëst si Kombinatioune vu Silben, déi ee brauch fir am Chouer bestëmmt Stëmmbildungsprobleemer ze léisen! Dofir soll een esou Texter net als ze kannereg ukucken, mä de pedagogesche Wäert dra gesinn, an se deementspriechend asetzen. Weider Lidder sinn:

Dofir nach eng Kéier: Net esou Texter veruechten oder mengen, et misst een onbedéngt méi modern Texter erfannen. Dann awer esou, datt dës Texter en inhaltléche Sënn an e melodesche Verlaaf hunn, a Stëmmbildungs Zwecker verfollegen.

Waren dës Texter fréier net och di éischt Übunge fir eis Sprooch richteg ausspriechen ze léieren? A Firwat sollen esou Texter näischt méi ze sichen hunn niewend den Texter, mat deenen eis Kanner haut konfrontéiert ginn? Sinn déi wierklech manner kannereg?

 

top